Nordstadgedanken

Ech si bestuet an hu sechs Kanner. Ech wunnen mat ménger Famill zu Dikrech an ech schaffen hei zu Ettelbréck zënter 15 Joer als Neurolog a ménger Praxis an am HSL.

Nodeems ech elo schon 15 Joer zu Dikrech wunnen an zu Ettelbréck schaffen, sin ech der Meenung, datt Differenzen zum Konzept Nordstad am Fong méi um kommunal-politeschen wéi um partei-politesche Plang ze fanne sinWéi ech vru kuerzem um Adrien Ries Wanderwee iwert de Konzept Nordstad nogeduecht hun, hun ech méch erënnert, wéi ech vrun 30 Joer säi Buch iwert de Jakobswee fir d‘éischt gelies hun. Säi Liewen war ëmmer a Bewejhung tëschent Wanderen a Pilgeren. Wandern as den äussere Virgang, Pilgeren as den innere Virgang, wou d‘Bewejhung am Kapp an am Härz dat méi wichtegt as.Et as e wäide Wee vun séngem Nordstad-Virtrag 1973 anlässlech den 80 Joer vum Dikrecher Geschäftsverband bis hin zu dëser Nordstad-Table Ronde vum Mouvement écologique. Konsum an Ëmwelt sin dacks zwee entgéijegesate Poler, a vläischt si mir grad duerch déi Spannung an deene leschten 36 Joer mat der Nordstad-Idee weider komm. Grad an dëser Wahlkampfzäit, wou mir eis tëschent villen Versammlungen hin an hier bewegen, sollte mir net vergiessen, datt dee méi wichtege Virgang dee vun der innerer Bewejhung a Beweglechkeet as an dat verweist op déi Noutwennegkeet, datt mir ëmmer erem de Wiessel vun der Perspektive trainéiere sollten.

D‘ Politik as e Wettsträit vu verschiddenen Ideeën an Approchen a wa mir et haut- och an der Nordstad- vermëssen, datt d‘ Leit séch wëlle nobei oder an der Politik bewegen, sou läit dat wuel dacks dorun, datt mir an deem Konkurrenzkampf dee wichtegsten an nohältegsten Wert vergiessen, deen et get: d‘ Kultur vum politeschen Dialog an de Respekt vrun deem aneren als Mënsch.

De persesche Mystiker Rumi huet dat an deem Saz zesummegefaasst: „ Op daer anerer Säi vu richteg a falsch as eng Plaz , wou mir eis kënnen treffen”; mir kënnen d‘ Wourecht net besëtzen, mee nëmme sichen.

An elo hu mir hei an der Nordstad eppes eemoleges, wat ganz gudd zum politesche Credo vum Adrien Ries passt a wat et ménges Wëssens soss esou néierens am Land get: eng Denkfabrik (Nordstad). Dat huet also domat ze din, datt Denken Aarbecht as an ni geschenkt an dat heescht also och, datt Denken ëmmer erem en neien Optrag fir eis as.

De Projet vun dëser Denkfabrik as fir méch nom Adrien Ries sénger Ried dee wichtegste Grondsteen am Konzept vun der Nordstad.

An d’ Nordstad waert net besser entstoen, wa mir eis déi Aarbecht net wëllen undoen, och wann de Verzicht op korrekt Infomatioun kuerzfristeg méi einfach as. Ech verstin net, datt an de politeschen Diskussiouen haut dacks Leit dominéieren, déi ganz houfreg all Regele verletzen, déi een fir e gudd funktionéirend Sozialwiese brauch: nolauschteren, differenzéieren, éischter dat Gudd wéi dat Schlecht an engem anere Mënsch séngen Intentiounen interpretéieren, Analyse amplaz Polemik, Informatioun amplaz Manipulatioun, Pflicht zuer Selbstbildung amplaz Houfert op Ignoranz, Oppenheet amplaz Viruerteeler.

De Mouvement écologique as fir méch eng Bewejhung fir eist gemeinsamt Haus an dat fänkt fir t’éischt am geeschtegen un.

Wéi mäi Meedchen vun 10 Joer, dat politesch ganz interesséiert as an e staark entwéckelte Gerechtegkeetssënn huet, méch vrun e puer Wochen nom Liesen vum Leitartikel am Wort gefrot huet „Papa, firwat nennen si Déch „Brandstifter”?, dun hun ech net gewosst, wéi ech him dat sollt erklären, well ech hu jo nach ni Feier geluegt, weder reell, nach geeschteg oder politesch an op 108 Säite Wahlprogramm, deen op ville Plaze méng Handschrëft dréit, hun ech näischt fonnt, wat esou eng Bezeechnung kënnt rechtfertegen.

Hei war ech als politesche Géigner diffaméiert an zum Feind erklärt gin. D‘Tageblatt huet eis Wahlcampagen mat engem „illegalen Beutezug” verglach, a vrun e puer Wochen huet een an der Woxx d‘ ADR mat „ de la merde dans un bas de soie” verglach. Den Här Gira huet méch nach vrun zwou Wochen op enger Tableronde mat engem “Spaltpilz” verglach, dee probéiere géif, eist Land ze splécken a séng Partei huet d‘lescht Woch ugekënnegt, mat jhidderengem, jhust net mat der ADR wëllen ze schwätzen a vru kuerzem hun ech e Pechbild gesin, wou drop stoung, datt mir Knascht wieren an op den Tip géife gehéieren.

Dir Dammen an Dir Hären, dat huet näischt méi mat politescher Auseinandersetzung ze din, dat sin Ausdréck vun Diffamatioun a Manipulatioun, wann d’ Argumentatioun an d’ Informatioun anscheinend ze schwéier sin.

Ech sin net dofir bekannt, datt ech splécken, a wann ech vrun engem Joer hei zu Dikrech op Invitatioun vun der Caritas –Service solidarité et intégration” – de Festvirtag zum Weltflüchtlingsdag an der Dekanatskierch zesumme mat eiser portugiesescher Communitéit zum Thema „Integration-la peur de l’étranger” gehal hun, sou war dat net, well ech dofier bekannt gewiecht wier, méch onsolidaresch am Denken an Handelen ze bewegen.

Dir Damen an Dir hären, mir brauchen Mülltrennung och fir eist Denken a fir déi Wierder , déi mir iwert deen anere gebrauchen, an ech hun d‘ Hoffnung nach net opgin, datt, wa mir et richteg upaken, grad elo an der Nordstad och mat Hëllef vun der Denkfabrik nei Weeër méiglech sin, op deene mir net nëmmen an der Nordstad kënnen méi zesumme wuessen. Wann een de politesche Géigner nëmme mat Ausdréck aus der Kriminalrubrik oder aus der Biologie bezeechent, an doriwereraus refuséiert, mat him politesch ze schaffen da weist dat, datt een en dee weesentleche Message vu Politik nach net verstan huet.

Dat as politesch a sozial Brunnenvergiftung a grad déi Gréng misste wëssen, watfir eng Bedeitung dat fir d’ Grondwaasser huet.

Et as een net dowéinst Spaltpilz , wann een séch mat enger Idee net dem pseudo-korrekten Mainstream uschléisst, mee Alternativen presentéiert.
Merci.

Robert Thill-Heusbourg

Table-Ronde vum Mouvement Ecologique zu Ettelbréck de 15. Mee 2009

Leave a Reply

You can use these HTML tags

<a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>