De Gilbert Pregno schreiwt op Facebook haut:
“Marguerite Duras, Le Matin, 4 juin 1986, c’était il y a presque 35 ans ….”
« Maintenant on pourrait presque enseigner aux enfants dans les écoles comment la planète va mourir, non pas comme une probabilité mais comme l’histoire du futur. On leur dirait qu’on a découvert des feux, des brasiers, des fusions, que l’homme avait allumés et qu’il était incapable d’arrêter. Que c’était comme ça, qu’il y avait des sortes d’incendie qu’on ne pouvait plus arrêter du tout. Le capitalisme a fait son choix : plutôt ça que de perdre son règne. » (Marguerite Duras)
Ech hun e grousse Problem mat Ideologien, reliéisen an net reliéisen, well se ëmmer géint d‘ Intelligenz denken an handelen. Et gët eben e richtegen an e falsche Gebrauch vu Weltanschauungen, suwuel reliéisen wéi de net-reliéisen. De Josef Pieper huet hei parallel a synonym zuer Definitioun vun der „Ideologie“ vun der „Selbsttäuschung, die ja nichts anderes ist als eine vom Willen her bestimmte Unsachlichkeit in der Wirklichkeits-wahrnehmung“ geschwat. All Ideologien behënneren esou d‘ Entwécklung vun der Intelligenz a vum Gudden an alle Beräicher, ob elo „Bio-Ethik“ oder „Oeko-Ethik“, well, hei rëm mam Pieper geschwat, „der Vorrang der Klugheit bedeutet nämlich nichts anderes, als dass die Verwirklichung des Guten das Wissen um die Wirklichkeit voraussetzt. (…) Wer nicht weiss, wie die Dinge wirklich sind und liegen, der kann auch nicht das Gute tun; denn das Gute ist das Wirklichkeitsgemässe.“ Domadder si mir scho matzen am Thema vun Bio-an/oder Öko-Ethik, well Du kanns jo net déi bannenzéch Welt vun der Bausse-Welt trennen, a wanns Du et fir aner Zwecker wéi déi vun der Analyse méchs, da bass Du schon an daer Fal, vun daer de Pieper schreiwt. D‘ Marguerite Duras war an deem Sënn wirklech eng Visionärin, datt sie op d’manst am Beräich vun der „Bio-a Sexual-Ethik“ 1977 trotz Opfuerderung duerch den Här Matzneff selwer net mat deenen ideologesch verblendten franséische Lénken vun Aragon bis De Beauvoir a Sartre déi infam Tribune am Le Monde zum Thema Exculpéirung an Entkriminaliséirung vun der Pédophilie mat ënnerschriwen huet. Datt déi selwecht Leit (ouni d‘ Marguerite Duras) och d‘ Wierk vun engem intelligenten Net-Ideologen wéi den Albert Camus veruecht hun, seet jo scho genuch. An do, wou d‘ Marguerite Duras ideologesch bleiwt wéi hei an deem Text, wou si schreiwt, datt et am Conträr zum Kommunismus déi inhärent Logik vum Kapitalismus wier, déi eis Ëmwelt géif zerstéieren, sou gesi mir haut suwuel an de kommunisteschen wéi post-kommunistesche Länner, datt et net eleng de fräie Maart an de Kapitalismus sin, déi d‘ Ëmwelt wéinst „Profit“ zerstéieren, mee datt déi selwecht Maximéirung vum Profit a vum Wuesstem dat och an deene „kommunistesche“ Länner an an hire neien Kolonien an Afrika mécht, wubei hei nach de Problem dobei kënnt, datt et an deene Länner keng fräi Press gët, déi sou wéi an eise kapitalistesch-demokratesche Länner en alternativt Bewosstsein schafe kann. Dofir fannen ech déi zwee nei Bicher vum Carola Rackete an Luisa Neubauer (vum Greta Thunberg hun ech do nach näischt zu deem Thema a Buchform gelies, mee et geet awer och an déi Richtung) zum Thema Migratioun an Klimakrise nëmmen nach traureg, well hei aus enger neo-„marxistescher“ Attitude eraus argumentéiert gët, datt mir nëmmen de Kapitalismus mussen ofschafen, an da waer alles an der Rei. Dat si fir méch Vertrieder vun enger Pseudo-“Woke-Culture”, déi eng ganz autoritär lénks Ideologie Vertrieden, déi net besser wéi déi vu riets as, mee a méngen An méi geféierlech, well se séch mam Mäntelchen “Humanitéit” vill besser verkeeft.
Leave a Reply