von Dr. Robert Thill-Heusbourg*
« Mal nommer les choses, c’est ajouter à la misère du monde » (Albert Camus)
D’Zivilrecht huet esou wéi d’Strofrecht niewend enger reguléirender an heiandsdo och repressiver Funktioun och eng expressiv Funktioun, dat heescht et deklaréiert an definéiert d’Werter vun enger Gesellschaft.
Gesetzer prägen eis Moral , eis Denkweisen an eis Léisungsstrategien. D’ Scheedungsgesetzer an d’Geriichtspraxis wéi se elo bestin schafen Leitbilder, déi d’Erzéiung vun eise Kanner a Gefor bréngen.
D’Fro sollt net sin, ween d’ Suerge-Recht kritt, mee wat kënnen a musse mir maachen, fir datt déi getrennten oder gescheeten Elteren allebéid hier Suerge-a Betreiungs-Pflicht och an Zukunft kënnen ënnert méi schwéieren Conditiounen zesummen iwerhuelen.Et geet drëm, eng Suergerechtsformel ze fannen, déi fir déi betraffe Famill e gudde Wee mat sou man wéi méiglech zousätzlech Wonnen fir d’Elteren an d’Kanner erméiglecht.
Ech gesin a begleeden elo iwer 20 Joer och vill Koppelen a Kanner an Trennungs-a Scheedungssituatiounen an et as mir ëmmer méi opgefall, wéi schlecht Gesetzer schwiereg Situatiounen net nëmme méi schwéier maachen, mee ganz dacks och d’Siicht op gudd Léisungen verstellen an d’Zuel vun de Denk-an Handlungsméiglechkeeten aschränken. Mediatioun get sou dacks onméiglech gemaach.
Ëmmer méi heefeg gesäit een och, wéi déi Verknüpfung vum Scholdprinzip mam Prinzip vum getrennte Suergerecht sougenannt Expert’en dozou verleet, verhängnisvoll Disqualifizéirungen vun engem Elterndeel ze ënnerstëtzen.
Wat eis zu Lëtzebuerg feelt, si besonnesch dofir kompetent Familjegeriichter a besonnesch dofir forméiert Familjeriichter.
Mat der Trennung vun den Elteren brécht jo fir hier Kanner d’Welt zesummen, -eng Erfahrung, déi se veronséchert, daer si ausgeliwert sin, déi si net gewollt hun an fir déi vill Kanner séch awer d’Verantwortung gin.
D’Kanner erliewen, datt hiert Liewen nëmmen vun anere bestëmmt get, ouni datt si dorobber en Afloss hun, si hun och net d’Méiglechkeet en Iwerbléck iwert déi verschidden Léisungsméiglechkeeten ze kréien, an an der Situatioun vun der Trennung verstärkt dat nach hier Ohnmachtsgefiller an hier Tendenz, d’Schold vun der Trennung bei séch selwer ze sichen.
Um Enn vun enger gudder Trennung sollten all Bedeelegt iwert méi Méiglechkeeten verfügen wéi virdrun.
An enger Zäit, wou am Contraire vun haut déi Idee vun engem gemeinsame Suergerecht an deene meeschten europäesche Länner nach net realiséiert war, gouf an der systemescher Familientherapie de Prinzip formuléiert, datt d’Suergerecht nëmme sollt deemjéinegen vun de Partner iwerdroe gin, deen deen Undeel vum anere Partner am Kand am meeschte respektéiert.
Et get en hollänescht Spréchwuert, dat seet: „De Wand kann een net verbidden, mee et kann ee Mille bauen.“ Dat weist gudd, wourëms et geet: aus daer Dynamik vun der Trennung bei alle Bedeelegten d’Ressource staerken a vun enger defizit-orientéierter Strategie ewechkommen.
D’ Bezéiungsmedezin betruecht bei Gesondheet a Krankheet déi kierperlech a séilesch Prozesser an der Perspektiv vun de wichtegste Bezéiungen vun engem Mënsch. Et schwätz alles dofir, datt d’ Erfëllung oder d’Net-Erfëllung vun daer zentralster Bindung dee wichtegste Faktor as, ob ee gesond bleiwt oder krank get. Dat wichtegst Medikament, dat et get, as déi mënschlech Bezéiung.
Zwee Partner sin nëmmen dann am Gläichgewiicht, wann si dat selwecht Gewiicht hun.
Am Ament gesäit et esou aus, wéi wann d’ Politik blann waer fir déi Aufgab vis –à-vis vun eise Koppelen. Si verseet an hierer zentraler Aufgab, di bescht Bedingungen ze schafen , datt hier Bierger séch selwer am gudde Sënn verwierklechen an zu selbststännege Bierger gin. Si gesäit net, datt och si verantwortlech as fir d’ Qualitéit vum Zesummeliewen vun de Koppelen, obschons d’Qualitéit vun der Zweeërbezéiung dat entscheedend Fundament as vu Fräiheet, Demokratie, Mënscherechter an Unerkennung vum Friemen.
An der Koppel entstin déi wichtegst Astellungen vun deene näxte Generatiounen an och dofir as et wichteg, iwert de Wee vun engem gemeinsame Suergerecht d’ Konfliktfähigkeet amplaz vun enger illusorescher Konfliktlosigkeit ze fuerderen an ze förderen.
Wat kann eng (getrennte) Koppel fir déi Entwécklung maachen? Zu engem gemeinsam vereinbarten Termin regelméisseg wesentlech Gespréicher féieren, déi net zu engem Diskutéieren am Krees daerfe verkommen.
D’Kanner kënne Papp a Mamm méi liicht an séch integréieren, wann si séch am Laf vun hirer Entwécklung mat hinne kënnen identifizéieren. Elteren, déi net méi mateneen eeens gin, si fir d’Kanner eng séilesch Laascht, well si als zwee onvereinbar Deeler an der Séil vun de Kanner weiderliewen. Et misst dofir zugonschte vun der Gesondheet vun de Kanner eng gesellschaftlech Indikatioun fir an net Befreiung vum Dialog tëschent Eltere gin, déi umgaang sin, auseneen ze goen. Als Leitbild heifir misste mir eis engagéieren fir d’Kultur vun enger Frëndschaft tëschent den Elteren, déi och dann entstoe kann, wann déi zwee net méi wëlle mateneen liewen.
„Die Eltern schaffen einer Ewigkeit den Anfang, dem kein Ende mehr folgt, schaffen eine Wirklichkeit, die nie mehr aufhört, nie mehr überholt wird, nie mehr zurückgenommen werden kann.“ (Karl Rahner)
Mat de Kanner as an enger Koppel eng Aufgab entstan, déi wäit iwert d’Koppel erausreecht an déi och net mat der Koppel ennegt. Dat gemeinsamt Suergerecht soll eis net nëmmen heirunner erënneren, mee als Leitbild och déi gesellschaftspolitesch Instrumenter an d’Hand gin, fir se ze realiséieren.
„Einer hat immer unrecht, aber mit zweien beginnt die Wahrheit“ (F. Nietzsche)
*Neurolog a Psychotherapeut
Hôpital Saint Louis
Ettelbruck
Pressekonferenz der AHL zum gemeinsamen Sorgerecht, 2. Oktober 2008
Leave a Reply