Kommunikatiounsfiasko vu Regierung a Polizei

 

Déi Aart a Weis, wéi d’ Regierung an d’ Polizei d’ Aféirung vum “ Droge-Schnelltest Drugwipe ” (schon eleng dese Numm as medezinesch gesi falsch) am Public virgestallt huet, as mënschlech a medientechnesch e Kommunikatiounsfiasko, well d’ Regierung no dem éischten Echec vun der Aféirung vum Drugwipe-Test am Oktober 2007 (dat heescht den deemolegen Transportminister Lucien Lux an den nach-aktuelle Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo) de medezinesche Fachgesellschaften an de Patientenorganisatiounen héich an helleg versprach haten, datt si géifen d’ Objektiounen vun all dene medezinesche Spezialisten a vum Collège Médical bei der Neifaassung a Vierstellung vu Reglement a Gesetz seriö huelen, mee dat as awer leider an onverständlecherweis ni geschitt.

Domadder as leider eng wichteg Geleenheet verpasst gin, ze weisen, datt een déi besonnesch Interessen vun enger ganz grousser Grupp vu Patienten, nämlech déi mat psycheschen an neurologesche Krankheeten an déi mat akutem oder chroneschem Wéi géif verstoe wëllen.

Et sin dräi Patientegruppen, déi hei besonnesch betraff sin : Patienten mat engem akuten oder engem chronesche Wéi, déi Morphium oder Codein-Präparater huelen an ADHS –Patienten, déi Amphetaminen oder Methylphenidat mussen huelen, fir hier Krankheet ze behandelen a fir hier Fuertauglechkeet an Aarbechtsfähegkeet z’erhalen oder remzekréien.

Et get och meeschtens keen oniwerbréckbare Géigesaatz tëschent dese Patienten hire legitimen Gesondheetsinteressen op daer enger Säit an der Sécherheet am ëffentleche Verkéier op daer anerer Säit.

Drugwipe as –am Contraire zu dem, wat den Här Reuter vun der Polizei op wort.lu gesot huet (“ Mit dem Speicheltest können wir schnell feststellen, ob Drogen im Spiel sind oder nicht ”) keen Test , wou Drogekonsum séier festgestallt get, mee e Schnelltest, wou verschidden pharmakologesch Famillen séier kënnen identifizéiert gin a wou nach kee ka soen, op dat illegal Drogen oder legal Medikamenter sin.

Réischt d’ qualitativ an d’ quantitativ Analyse vu Blut an Urin am Staatslabo kann d’ Basis fir eng richterlech Ënnerscheedung liweren, well d’ Majoritéit vun deene Substanzen (Amphetaminen, Methylphenidat, Morphium an an Zukunft ëmmer méi Cannabinoiden) och ganz normal bei verkéierstaugleche Patienten als Medikamenter agesat gin.

Mir sin natierlech aus Grënn vun der Präventioun a vun der Verkéierssécherheet fir d’ Aféirung vun sou engem “ Droge ”-Schnelltest, mee duerch d’Aart a Weis vun der Aféirung an duerch esou falsch Pauschal-Aussoen gin natierlech all Patienten diskriminéiert a mat Drogen-Delinquenten an een Dëppe gehäit.

Och am Contraire zu deeem wat de Polizeibeamten den 30.Abrëll owes am RTL Journal behaapt huet, hängt bei engem individuelle Patient séng Verkéierstauglechkeet net vun ierjend engem festgestallte Blutspigel of, mee déi Verkéierstauglechkeet get am Eenzelfall vum Dokter mam Patient agestallt, woubei et (wéi a villen anere Beräicher vun der Medezin) keng sécher iewescht oder ënnescht Grënz fir e Medikament get, déi et onwierksam oder toxesch mécht, mee dat hänkt vum eenzelne Patient, sénger genetescher Dispositioun a sénger Krankheet of, wou den Dokter klinesch an net mat enger Blutanalyse entscheed, ob d’ Behandlung wierkt an ob de Patient verkéiers – an aarbechtstauglech as

Dat as bei alle Medikamenter an der Neurologie an an der Psychiatrie esou an och an deene meeschten aneren Disziplinen vun der Medezin.

Wat am Bäipackziedel iwert d’ Geforen vun der Beanträchtejung vun der Verkéierstauglechkeet steet, as bekanntlech nëmmen eng Méiglechkeet a keng Tatsaach, wéi de Polizeibeamten dat gemengt huet an hänkt erem vum konkrete Patient, sénger Krankheet a sénger Behandlung of, an dat as rem eng Aschätzung an eng Entscheedung vum Dokter am Eenzelfall mat séngem Patient.

Dat, wat bei eis an der Neurologie an an der Psychiatrie vill méi heefeg virkënnt, as, datt d’ Patienten grad opgrond vun hirer Krankheet (Parkinson, Epilepsie, chronesche Wéi, ADHS, Depressiounen etc) hier Fuer- an Arbechtstauglechkeet verléieren, woubei eng korrekt Therapie (dacks mat Substanzen, déi beim Drugwipe -Test positiv ausfalen) déi Fuer- an Aarbechtstauglechkeet rem hierstelle kann- et as also och vum Secherheetsstandpunkt aus ganz bedenklech, wann déi Patienten, aus Angscht, beim Drogentest positiv getest ze gin, op hier Medikamenter géife verzichten.

.

Dr Robert Thill-Heusbourg

Neurolog a Psychotherapeut

Präsident vum Daachverband vun de Fach-a Patientenorganisatiounen Treffpunkt ADHS

 

03.05.2012

Leave a Reply

You can use these HTML tags

<a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <s> <strike> <strong>