Von Dr Robert Thill-Heusbourg*
An der Chamberkommissioun vun den Institutiounen an der Revisioun vun der Verfassung hun de 24. September CSV, LSAP, DP an Déi Gréng d’Propositioun vun der ADR zréckgewisen , datt den Artikel 29 vun der Constitutioun geännert get mam Zousaz: „La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois. La loi règlera l’emploi des langues en matière administrative et judiciaire.“ Bei dëser Fuerderung wär den Artikel 1 vum Sproochegesetz vun 1984 zitéiert gin, deen och festhält : „La langue nationale des Luxembourgeois est le luxembourgeois ». Amplaz dovunner ass eng Verfassungsännerung décidéiert gin, déi sech (fir den Artikel 29) elo esou liest : « La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande en matière administrative et judiciaire. L’Etat veille à promouvoir la langue luxembourgeoise. »
Wéi ech vrun 30 Joer als jonken Schoulmeeschter-Aspirant am éischte Joer vum Institut Pédagogique an de Comité vun der Actioun Lëtzebuergesch gewielt gouf, do hu mir schon deemools dovunner geschwat, datt d’Letzebuergesch als Nationalsproch an eiser Constitutioun sollt verankert gin an et as dat bis haut eng (leider onerfëllte) Fuerderung vun der Actioun Lëtzebuergesch bliwen.
Mir hun dat natierlech och a virun allem fir eis Schoulen esou gesin, well do vum éischte Spillschoulsjoer un d’Integratioun vun de Kanner mat enger anerer Mammen-oder Pappesprooch iwert d’Lëtzebuergesch leeft, a wann dat net sou wär, da géif et villen auslännesche Kanner trotz gudder Intelligenz nach vill méi schlecht an eise Schoule goen wéi et hinnen elo scho geet. Ech sin dun vum Institut Pédagogique an d‘ Medezin gewiesselt, mee leider gesin ech déi Kanner nach ëmmer erëm, well si mam Lëtzebuerger Schoulsystem net eens gin.
Et gin ëmmer nach Leit hei am Land, déi –aus enger falsch verstanener Bescheidenheet eraus, déi virun allem enger falscher Perceptioun a Valoriséirung vun eiser Sprooch entsprécht-, mengen, datt d’Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger net sollt virun allem iwert eis Nationalsprooch goen. D’ LSAP huet elo eréischt vru kuerzem als ee Resultat vun hierer Summerakademie proposéiert, datt an Zukunft all Auslänner hei zu Lëtzebuerg och ouni d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze hun, dat aktivt Wahlrecht sollte kréien, no der Devise: “Participatioun amplaz Integratioun.“
Ech si mir ganz sécher, datt dat de falsche Wee as.
Dräi kuerz Beispiller fir dat z’illustréieren. Viru kuerzem huet d’ Direktioun vum Rehazenter , deen elo säin 30-Joer-Jubiläum (!) zu Lëtzebuerg feiert an enger Annonce och an dëser Zeitung, wou sie nei Doktere fir de Rehazenter sicht an de Conditiounen fir Ustellung och ee Passage iwert déi néideg Sproochekenntnisser ugeféiert. Dir waert et net gleewen, mee Lëtzebuergesch stoung do op der leschter Plaz no Franséisch, Däitsch an Englesch.
Ech gesi ganz dacks Patienten, déi och opgrond vun ongenügende Sproochekenntnisser vun auslänneschen Dokteren hei am Land am Urgencen-Déngscht schlecht behandelt goufen, ouni datt si séch dogéint kënne wieren. Jhidderee weess et, mee et get näischt dogéint ënnerhol, well offiziell huet jo all Dokter, deen hei am Land praktizéiert, e Sproochentest beim Collège Médical misse maachen. Gott sei Dank gin et awer och vill auslännesch Dokteren, déi genuch Respekt vrun hierer Deontologie an eiser Sprooch hun, datt si Lëtzebuergesch iwert e Sproochcours ganz gudd geléiert hun. Dat as „Integratioun mat Participatioun“.
Virun engem Joer hat ech en eelere Patient aus dem Eisléck wéinst dem Führerschäin an de Rehazenter geschéckt hat, fir datt do séng Fuerpraxis medezinesch géif evaluéiert gin. Hien as duerchgefall an den Dokter vum Rehazenter huet mir (op Franséisch) matgedeelt, datt dee Patient net méi apte wier fir mam Auto ze fueren.
D’ Fra vum Patient huet mir dun erzielt, datt mäi Patient vum Rehazenter aus um Kierchbierg (probéiert et mol selwer!) mat engem friemen Auto a mat engem franséischsproochegen Instrukter no deem séngen Instruktiounen huet missen säin Examen absolvéieren an et as natierlech kloer, datt en dun opgeregt wor an e puer Feeler gemaach huet, sou datt en duerchgefall as.
D’ Famill huet dat awer dun net op séch sëtze gelooss an huet (ouni méng Interventioun) beim Transportministère ëm eng zweet Expertise ugesicht. Déi hate méi Verstand a Versteesdeméch an hun den Här mat séngem eegenen Auto am Eisléck a mat engem Lëtzebuerger Instrukter nach eng Kéier getest a well alles tiptop geklappt huet, hun si him dun erëm säi Führerschäin gin.
Dat war vum Transportministére sénger medezinescher Kommissioun aus mënschlech a medezinesch kompetent gehandelt an entscheed . D’Handlungsweis vum Rehazenter huet mir am Réckbléck weder medezinesch nach menschlech korrekt geschéngt.
Mat deem, wat eis Châmberkommissioun elo decidéiert huet, sëtze mir ménger Meenung no déi falsch Zeechen hei am Land.
*Neurolog a Psychotherapeut
Hôpital Saint Louis
Ettelbruck
Luxemburger Wort, 27. September 2008
Leave a Reply