Robert Thill-Heusbourg

roby2007_4

Foto: Alma Maria Heusbourg

Den Dr Robert Thill-Heusbourg as 1959 an der Stad Lëtzebuerg gebuer gin an och do opgewuess; 6 vu séngen 8 Urgrouss-Elteren stamen awer aus dem Éislék (Gilsdrëf, Knapphouschent, Maarnech, Wahl a Woltz). Hie war am Kolléisch an um Conservatoire an der Stad a war als Klarinettist Member vu verschiddene Muséksgesellschaften.

Vun 1978-1979 huet hien um Institut Pédagogique zu Walfer fir Schoulmeeschter geléiert an dun vun 1979 bis 1994 zu Graz an zu Lëtzebuerg Allgemengmedezin, Neurologie, Psychiatrie a Psychotherapie studéiert.

Vu 1979 bis 1987 huet hien séch niewent sénge Studien zu Graz als fräiwëllegen Ambulancier a spéider als Rout-Kräiz-Dokter engagéiert.

Den Dr. Robert Thill-Heusbourg as Neurolog a Psychotherapeut mat enger  Zousatzausbildung a Sportmedezin, Palliativmedezin a Geriatrie. Hie schafft zënter  1994 am Hôpital Saint Louis zu Ettelbréck an a sénger Praxis, woubäi gudd d’ Halschecht vu sénge Patienten Kanner a Jugendlecher sin. Hie betreit zënter 1996 als “médecin conseil” vum SCAP Kanner a Jugendlecher mat Wahrnehmungs- an Opmierksamkeetsstéierungen a mat Problemer vun der psycho-motorescher Entwécklung.

Scho mat 17 Joer war hien politesch mam heitegen ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser aktiv politesch engagéiert an huet d’Sektioun Bouneweg vun der Jeunesse Démocratique an der Stad Lëtzebuerg  nei gegrënnt, 2 Joer dono war  hien als jonke Schoulmeeschter-Aspirant am Comité vun der Aktioun Lëtzebuergesch an 1985 as hien als Vertrieder vun de Studenten vun der Universitéit Graz an de steireschen Diözesanrat, deen ieweschte Berodungsgremium vum Bëschof vu Graz-Seckau, gewielt gin.

2007 konnt dat neit Verkéiersgesetz net wéi geplangt a Kraaft trieden, well hien an engem Pressecommuniqué noweise konnt, datt wesentlech Bestëmmungen zum Medikamenten-an Drogekonsum um Steier op falsche Berechnungen an Iwerleeungen  berout hun an Patienten zu Onrecht kriminaliséiert hätten.

Wéi hien 2008 an den Debatten zuer Euthanasie an Palliativ-Medezin gesin huet, datt d’CSV als déi Partei,  daer hien séch weltanschaulesch am nohste gefillt huet,  aus ideologeschen a koalitiounspolitesche Grënn e Wee gaangen as, deen d’Euthanasie- Gesetz méiglech gemaach an d’Palliativmedezin-Gesetz verzögert huet, do wosst hien, datt an daer Partei séng Plaz net waer. Hien huet dun d’ADR als déi Partei fonnt, déi him d’Fräiheet gelooss huet, och weider oppen dat ze soen an ze schreiwen, wat hien zu dësem an zu aneren Themen denkt.

A sénger Fräizäit engagéiert hien séch virun allem am Beräich vun der Präventiv-Medezin: hien war Member vum Comité d’experts „Alimentation saine et éducation physique“ am Gesondheets-Ministère an am  wëssenschaftleche Bäirot vum Zitha-Gesondheetszentrum. Am Dezember 2008 gouf hien zum nationalen Delegéierten vun de Lëtzebuerger Neurologen an de wëssenschaftleche Bäirot  fir Palliativmedezin vun der Gesellschaft vun den europäesche Neurologe gewielt.

Den Dr Thill-Heusbourg as Grënnungsmember a war President vum Daachverband a Kompetenz-Netzwierk „Treffpunkt ADHS“ vun 2011-2018 a war 2008 Grënnungsmember vun der Bierger-Initiativ „Euthanasie: Neen!-Palliativ:Jo!“  No sénger Formatioun zum  “Koordinator für klinische Ethik-Beratung” (Akademie für Ethik in der Medizin, Göttingen)  schreiwt hien Artikelen  an hält  Virträg a Formatiounen iwert medezinesch an ethesch Froen am Kader vum Curriculum Ethikberatung vun der Katharina Kasper Akademie zu Dernbach (D) an zu Meran (I).

Zënter 2015 huet den Dr Thill-Heusbourg als “médecin coordinateur” am Kader vun der Direction médicale vum Centre Hospitalier du Nord geschafft an zënter dem 1. September 2019 as hien och Adjoint au Directeur médical vum Centre Hospitalier du Nord.

Zënter Dezember 2021 as den Dr Thill-Heusbourg net méi Mêmber vun der ADR.

Den Dr. Thill-Heusbourg as bestuet an huet 7 Kanner an een Enkelkand.